Méng Aschätung vun der Laach enn Mäi 2020:

1. Mënschlechkeet
Zentrum vun all Säugedéieren ass dat soziaalt matenaner. Als Mënschen sinn mir vun dëser Reegel net ausgeschloss. Äusser Nahrung fir eise Kierper brauche mir Nahrung fir eise Geescht wéi fir eis Séil. Den social distancing huet eis d'Nahrung fir eis Séil sou gläich entzunn, an d'Nahrung vir eise Geescht zu Astronautefudder degradéiert. Mënschlechkeet ass d'soziaalt matenaner, an social distancing ass domat hiren Ënnergang. Wéi sol d'Séil sech ernären wann spontan sech léif Drécken verbueden ass? Wat ass de Sënn vum Liewen wann net d'Mënschlechkeet? Verloscht un mënschlecher Wäermt an feelen vun Gesiichter erzitt eis Kanner zur Autisten-Generatioun.

2. Grondbedierfnesser
Maslow Beduerfnispyramid
D'Bedierfnes-Pyramid vum Maslow duerch d'Lockdown-Philosophie:
Eegeverwierklechung Keng méi ... Facebook a ko ass de trauregen Iwerbleibsel ...
Unerkennung an Wäertschätzung Uni sozial Interaktioun, keng Wäertschätzung!
Sozialbedierfnes De Betrëff "social distancing" seet alles. Den sougenannten "Sécherheetsofstand" ass frappant kulturell ofgeglach (Frankräich a Belsch: 1 Meter / Däitschland: 1,5 Meter / Lëtzebuerg: 2 Meter / etc.), ... äusser den WHO verheemlecht eis séin technical sheet iwwer lännerspezifesch Corona-Baureien ...
Sécherheet D'Weltbefëlkerung ass tëschenzäitlech duerch déi generell Angscht-Verbreedung Traumatiséiert ... de genaue Géigendeel vun Sécherheetsgefill. Masseweis Mënschen déi den Ament am gaane sinn un Honger stierwen fillen sëch wuel och kaum "Sécher" ...
Grond- an Existenzbedierfnisser Déi sougenannte "Mëttelklass" vun de räiche Länner huet den Ament nach "ze Räissen an ze Bäissen", dach bei den ënneschte Klassen ass dëst och elo schon net méi de Fall ... ganz e Schweigen vun Mënschen an ärmere Länner. Sou sinn duerch de weltwäite Lockdown bedinkten Stierffäll elo (15 Mäi 2020) schonn onproportional méi héisch wéi de eventuellen Notzen vun dësen Moossnamen am Fall vun enge wierklech doudgeféierlecher Pandemie.

3. Mënscherechter
Lockdown-bedinkt schéngen op mannst Artikelen 3 / 5 / 9 / 12 / 13 14 / 18 / 20 / 26 / 27 / 28 / 30 vun der UN Mënscherechtserklärung weltwäit Annuléiert ze sinn.

Meng perséinlech Fro/Äntwert-Gedanken

Kognitiv Verzerrung Kognitiv-psychologesch Beaflossung
Kognitiv Psychologie befaass sech mam mënschlechen Ennerbewostsäin. Di meescht vun eisen Entscheedungen kommen aus eisem Ennerbewostsäin, (oder anescht formuléiert) aus eiser Gefillswelt. Eis Sënnesopfaassungen ginn e puer Mikrosekonnen éischter vun eisem Gefill, als vun eisem Bewostséin empfaangen, a eis Gefiller sinn zudeem méi Reaktiv (schnell) wéi eise Verstand. Dëst ass esou laang zweckméisseg, wéi net absichtlech vu Baussen Afloss op eis Gefiller geholl gëtt. Dëst geet meescht mat nei konstruéierte Begrëffer, deenen duerch Widderhuelung Gefiller béigemescht ginn. Sou sinn mir dozou verleet, dës Gefiller opzehuelen, an eist keeng eegenstänneg Gefiller doriwwer ze bilden.

Déi Gefiller déi sou munch Mënschen beim Liesen vun méngem Text empfannen, sinn e gutt Beispill fir des Wierkungsweis. Des Gefiller géingen des Mënschen mëndlech mat "Verschwierungstheorie" ausdrécken. Dofir hei déng kognitiv-psychologesch Bedeitung:

Verschwörungstheorie ass en zesummegesatent Wuert wat eréischt an dësem Joerhonnert fous gefaast huet. Seng Bestanddeeler, wéi d'Wuert selwer sinn (och nach haut) sënngeméiss am Duden vermierkt
Verschwörung
  • Gemeinsame Planung eines Unternehmens gegen jemanden.
Theorie
  • System wissenschaftlich begründeter Aussagen zur Erklärung bestimmter Tatsachen oder Erscheinungen und der ihnen zugrunde liegenden Gesetzlichkeiten.
  • Lehre über die allgemeinen Begriffe, Gesetze, Prinzipien eines bestimmten Bereichs der Wissenschaft, Kunst, Technik.
Ver­schwö­rungs­the­o­rie
  • Vorstellung, Annahme, dass eine Verschwörung, eine verschwörerische Unternehmung Ausgangspunkt von etwas sei.

Enner de zwee éischte Begrëffer sinn eis Gefiller zimmlech Eendeiteg. Bei Verschwörung denken (empfannen) mir beispillsweis un de Watergate-Scandal. Bei Theorie denke (empfannen) mir beispillsweis un Relativitéitstheorie. De Begrëff "Verschwörung" empfanne mir als "absichtlech Béis an hannerlëschteg", an "Theorie" als "wëssenschaftleche Standpunkt" / "innovative Gedanken".

Bob Woodward an Carl Bernstein Paradox tëschent eise Gefill an Duden-bezeechnung
Bob Woodward an Carl Bernstein waren ganz bekannten Verschwörungstheoretiker. Andém si hieren Theorien no gaane sin, haten si de Watergate-Scandal opgedeckt. Falls iwwerhaapt fäerdegt geformte Gefiller op dëse Begrëff passent wieren, missten dës dach éischter "Positiv, Zivilcourage, Onbestiechlechkeet"?!

Wisou empfennt de Mënsch haut bei desem Begrëff "negativ, absichtlech schlecht Absicht, Spënnerei"?
Séit 20 Joer gouf de Mënsch mat dësem Begrëff traktéiert, andeem him all kéiers negatiivt Gefiller mat vermëttelt. Naturbedinkt helt de Mënsch déi Tendenz, dat am meeschte gehéiert als Wouer ze empfannen, an net dat Logeschst, wéi hien fälschlecherweis unhëlt. Sou hunn dës Emotiounen des kognitiv negativ Induktiounen ugeholl. Haut geet doduerch eng eenzeg medial Bezeechnung vun engem Mënsch als "Verschwörungstheoretiker" duer, dass den Nolauschterer dëser Persoun keen eenzegt Wuert gleewe wäert, egal wéi Plausibel a logesch Novollzéibar dësem seng Argumenter och sinn maachen. Des weideren ass desen als "Verschwörungstheoretiker" bezeeschente Mënsch doduerch och aus allen zukünftegen Dialogen ausgeschloss,... ouni dass des seng Theorie jee zur Debatt stoung.

Haut ginn et doduerch weeder nach kontrovers Theorien, nach Verschwörungen. Bob Woodward an Carl Bernstein wieren haut scho laang als Verschwörungstheoretiker enner der Bréck, éier si sech mat der Watergate-Affair kéinten of gin. En Nixon kéint sou haut senge Schwéngereien onbehellecht weider nogoen.

Mee sou eppes ass haut jo net méi denkbar! ... Haut existéieren nëmmen nach éierlech Politiker!

Zesummefaassung
Neutral kognitiv positiv belaascht kognitiv negativ belasacht
Widderstandskämpfer Fräiheetskämpfer Terrorist
Theorie Wourecht Verschwörungstheorie
weider Begrefflechkeeten déi medial emgedait sin

Aktuell ginn renomméiert Wëssenschaftler Medial mat der Bezeechnung "Verschwörungstheoretiker" betitelt, well si op hirem wëssenschaftleche Gebitt op aner Fuerschungsergebnisser komm sinn wéi déi offiziell vertruedent Säit. Et handelt sech em Theorien, déi den Dialog mat der offiziell vertruedener Meenung sichen. Mat Verschwörung huet d‘gewëssenhaft Ausübung vun hirem Beruff awer nu wierklech näischt ze dinn!

Vill Mënschen widderhuelen dës kognitiv Begrëffer, a bréngen domadder just déi hinnen mat Erfolleg vermëttelten Gefiller zum Virschäin. Si hunn dëst Gefill séit 20 Joer dagdeeglech vermëttelt kruten, an esou ass dëst Gefill mat hinnen verwuers, obwuel de Paradox vum dësem Begrëff selwer kenger Minutt Reflexioun duer hale géing.

Eis Medienlandschaft ass voll vun kognitiv-psychologesche Begrëffer. Sou beispillsweis d'Palestinensesch Widderstandskämpfer. De Begrëff "Widderstandskämpfer" ass kognitiv-psychologesch Neutral. En fuerdert den Nolauschterer op, sech selwer e Bild vun Palestina an Israel ze maachen, virun deem hien sëch séi perséinlech Emotiounen iwwer "gutt / gerechtfäerdegt" oder "béiss / net gerechtfäerdegt" entwéckele kann. En Israelit empfennt dëst anescht. Vu Kand un krut hien vun de Palestinenser als Terroristen geschwat. D'Gefill "Béiss, geféierlech" ass an him wéi ageimpft ginn, a gëtt him knapps d'Méiglechkeet d'israelesch Palestinapolitik a Fro ze stellen, ... geschweige dëst an Israel zu Wuert ze bréngen. Fir Palestinenser dogéint sin et Fräiheetskämpfer / Märtyrer géint d'Ennerjochung séitens Israel.

Generell gebrauchten Begrëffer fir des Form vun Beaflossung:

Angschtverbreedung a Feindbildschafung
Jidderzäit war Angschtverbreedung mat Schaafung vun engem Feindbild d‘Methode, grouss Ännerungen duerchzesetzen, an d'Vollek zu groussen Ongerechtegkeeten ze beweegen.

Geschichtlech Beafflossung duerch Angschtverbreedung a Feindbildschaafung
D'Zuel vun den Doudesaffer vum haitegen Schreckgespenst wäerten ni evaluéiert kenne ginn, mä de Schifer ass elo schonn enorm!

Glawen oder Wessen Universell Wourechten
De Mënsch probéiert ze vereinfachen, wouduerch hien zu Virurteeler a Verallgemengerungen neigt. Eng "universell Wourecht" ass fier hien wéineger Ustrengend, ... och wann him déif anm him selwer bewosst ass dass et esou vill Wourechte ginn wéi et Mënschen ginn. Dem John Dalton seng Atomtheorie ass mëttlerweil iwwer 200 Joer al, an gëtt trotzdém nach ëmmer Theorie genannt, obwuel eis ganz Chimie a Physik vun Haut op dëser Theorie berout. Theorie! ... keng "universell Wourecht"!

Universell Wourechten brauchen d'Onwësseneet vum Vollek fir ze Liewen, an esou och hier Schreckgespenster.

Schreckgespenster
Universell Wourechten sinn Dogmen (Reliounen). Jiddereen mat anerer Meenung ass e Ketzer (haut e Verschwörungstheoretiker). Den Galileo Galilei ass als Ketzer an de Kerker geflunn, well hien sech getraut hat déi universell Wourecht vun der Geozentrik Wessenschaftlech a Fro ze stellen. Den Gordano Bruno ass dowéinst bei liewegem Leiw verbrannt ginn.

Haut hu mir nees esou eng "universell Wourecht" mat sengen néi konstruéierten kognitive Begrëffer. Dës brauche vun offizieller Séit net wëssenschaftlech ënnermauert ze ginn, well jidder Wëssenschaftler mat ënnerschiddlecher Meenung vun de Medien zum Verschwörungstheoretiker erkläert gëtt, an doduerch Monddout ass. Dofir liewe mir haut mat engem Schreckgespenst, wat op esou vill wëssenschaftlech nopréifbar Aarbechten berout wéi den kathouleschen Däiwel am Mëttelalter.

"Däiwel" ass ersat mat "Virus", d'Verfleeschleschung vum Däiwel duerch Ustiechen (alt nees en Kéier d'Inkarnatioun an Mënschen). Zu Hexen kann jiddereen vun eis zu jidder Zäit ginn. Den agesaatenen (net zertifiéierten) Test weist eng "falsch Positiv Rat" tëschent 49 an 75% op. Den eenzege Progrès vun Haut ass déi nei Hexen-App ... sorry ... Corona-App.

Traumatiséierung vum Vollek
Deemools wéi Haut ass eng traumatiséiert Bevëlkerung dat trauregt Resultat. 320.000 COVID-19 Doudesaffer als esou schrecklech empfonnt ginn, dass déi duerchschnëttlech 650.000 Mënschen, déi all Joer duerch gippal Infekter den Erstéckungsdout steiwen als Lappalie empfonnt ginn.

Esou e groussen Logikdefizit léist sech just duerch e ganz déif sëtzenden Trauma erklären.

D'Regierungen schéngen duerch dësen Trauma d'Schwéngsgripp vun 2003 wéi d'Vullegripp vun 2010 total vergiess/verdrängt ze hunn, wéi och d‘Léieren, déi si aus desen Débakelen gezunn hätte missen! Deemools waren et (deels souguer Personell) déi selwecht Alarmgeber (Theoretiker), déi sech wéi Haut och schon deemools (mam selwechte Rechmodel) grausam verrechent haten. Glécklecherweis waren et deemools renomméiert praktesch medezinesch Wëssenschaftler (komescherweis déi selwecht, déi haut Verschwörungstheoretiker sinn) d'Panik vermeide kennen. Ausser Impfstoffkeef a Milliounenhéicht (déi vir Milliounebeträg nees missen entsuergt ginn), ware mer mat engem bloen Aen dovun komm. Déi Mënschen déi duerch dësen Impfstoff un Narkolepsie erkrankt sinn, waren ében démols den Kollaterlschued.

Moral & Ethik
Beaflossbarkeet duerch e Mangel un individueller Ethik D'Moral kréie mir als Kand unerzunn. An der Pubertéit stelle mir des Wäerter a fro, a stoussen op grousse Widderstand well mir eis "onverréckelbare Wäerter / Wourechten" widdersetzen. En deel Mënschen resignéieren an akzeptéieren d'gesellschaftlech Moral, deen aneren Deel Mënschen stelle weiderhin de gesellschaftleche Wäertesystem a Fro. Déi Mënschen déi am wéinegsten hannerfrot hunn, sinn am ufällegsten bei Systemännerungen. De Mënsch gebraucht automatesch d'Moral als Fallschierm, wann seng Ethik un hier Grenzen stéisst. Deen Ament wou de Mënsch op eng Fro a sengem Liewen stéisst, wou seng Ethik sech nach keng Froen gestallt huet, Gräift hien tendenziell onreflektéiert op di aktuell Moral zeréck, déi him seet wat ze maachen ass.
Dem Mënsch séin individuellen Drang no Wëssen an Verständnis ass entscheedend, op Moral oder Ethik bei him Iwwerweit.

Emphatie Respekt, Interesse an Empathie ... statt Toleranz!
Oft als Tugent ugesinn, ass Toleranz en trügereschen Begrëff. Toleranz vis-à-vis vun Mënschen déi anescht sinn (anescht denken) heescht:
 
Ech kann hien (villäicht) net ausstoen, hien mëscht mir (villäicht) Angscht duerch séin Aneschtsinn, mee ech verstoppe mir dat selwer wéi och him, a sinn héiflech mat him.

Toleranz, oft just eng verstoppte Form vun Hypokrisie, heescht sech deem aneren Mënsch zou ze maachen, a dësem séin Wiesen net op sech awierken ze loossen. Geséi d'Verschiddenheet vun engem Mënsch wéi seng verschiddentlech Opfaassungen als eng Chance un, unenaaner ze Wuessen. Interesséier dech fir séin Wiesen a fir seng Welt. Probéier dech an hien eranzesetzen an ze verstoen wat hien zu sengen Usiichten geféiert huet. Kann s‘du dëst Wiesen e Stéck verstoen, kenns du dir selwer an deng Welt och e Stéckelche méi no.

Eegen Meenung
Wanns du dech op d'Moral stéips, vertretts du d'Ménung vun der Gesellschaft a der s'du liews, an nët déng eegen. Fir déng eege Opfaasungen an déng individuell Meenung entweckelen ze kennen, bräuchs du déin indiwiduellen Wertsystem. Déng eegen Opfaasungen entstinn eréischt wanns du dech de Gedanken vun Matmënschen an der Welt em dech op mechs. Eng individuell Meenung entsteet eréischt duerch Hannerfroen, an d'Bewosstsinn dass „universell Wourechten“ / Usiichten nët existenz sin. Bléckwénkelen ginn et der souvill wéi et eegestänneg denkent Mënschen op deser Welt ginn. Eegent Auswiegen vun kontroversen Usiichten (op méi Klacke lauschteren) schafen eréischt d‘Plattform fir déng individuell Meenungsbildung. Eegen individuell Meenung ass kee Konsumgutt, mee ass e Resultat vun déngen eegenen Reflektiounen.

Trau dech déng eege Meenung ze hunn, an dës ze vertrieden!



Dëst ass en Opruff un Mënschen, sech (nees) eng eegen individuell Meenung ze schafen, an Platz virgefäerdegt Meenungen onreflektéiert ze verënnerlechen. Ech ginn dir e puer grundliegend Ureegungen mat op de Wee, an maachen dech op e puer Falen opmierksam. Keng Meenungen ass grondsätzlech richteg oder falsch, egal vun wiem des kennt. Virurteeler blockéieren déng Meenungsbildung. Mat Interesse an Respekt op all Mësch zougoen, onofhängeg vu senger vertruedener Meenung, heescht eréicht selwer mündeg sinn. Mat virgefäerdegte Meenungen bass du de Sklave vun der Willkür vun deene Mëcnschen déi dir aus eegenem Vierdeel dës Ménung vermettelt hun.

Reflexioun Nees Mënschlechkeet
Mënschlechkeet, ass Uechtung, Interesse an Empathie fir déng Matmënschen an hierem Liewensräum. Als Mënsch maache mir Feeler,... di meescht vun hinnen aus Onwëssenheet an net aus Schlechtegkeet. Keen vun eis ass Perfekt, mir kennen awer aus eise Feeler léieren wann mir si eis selwer agestinn. De Begrëff Mënschlechkeet ass esou geleefeg dass jiddereen mengt ze wëssen wat dëse Begrëff bedeit, dach wéineg Mënschen hunn sech selwer déi néideg Gedanken dozou gemaach. All Kand wat op d‘Welt kennt dréit d'Mënschlechkeet an sech. Erzéiung an Gesellschaft gewinnen him des awer lues a lues of. An senger Pubertéit leent et sech géint déi him vermëttelt Wäerter op, mee leider seelen mat deem néidegen Erfolleg. D‘Moral vun der Gesellschaft verlaangt, dass et en funktionéierend Element vun dëser Gesellschaft gëtt. Do stinn ganz vill Ufuerderungen un Hatt, soudass Zäot fir d'Mënschlechkeet fehlt. Mënschlechkeet ze liewen gëtt doduerch oft zun marginsale Wee.

Huel dir Zéit ze Verstoen, ... a virun allem, sief Opriichteg mat dir selwer!


Schlussgedanken
Ech hunn op dëser Säit e puer grondleeënd Froen am Bezuch op Mënschlechkeet an de Raum gestallt, an der Hoffnung Mënschen dozou beweegen sech selwer Froe iwwer hier Welt ze stellen, an sech selwer dorop mündeg Äntwerten ze ginn.

Alle Mënschen ass onmënschlech Leet widderfuer. Fir ganz vill Mënschen ass déi produzéiert Angscht an Tëschenzäit zum Trauma ginn. Déi Mënschen déi probéiert hunn hire Matmënschen d'Angscht ze huelen, sinn vun deene verstouss ginn, an konnten dem progressiven Schwinden vun der Mënschlechkeet just tatenlos nokucken, wat fir déi zu Trauma ginn ass.

Mënschen, deenen et lues a lues kloer gëtt, dass di offiziell (medial) Versioun Paradoxal ass, an ufänken ze hannerfroe, ginn ech Folgendes mat op hire Wee:
 
Scholdzouweisungen sinn de falsche Wee! Si bréngen keng Léisungen, dofir awer nach méi Leet. Komm lass vun deem wat mir alleguerten ageipft kruten. "Auge um Auge, Zahn um Zahn" ass de Wee vun der Eskalatioun vun Gewalt a Leet. Haas, Rache an Eifersucht hun hieren Ursprung am Besetzdenken, an sinn engem Neigebuerene Friem. Dës eis unerzunnen Pseudogefiller sin d'Wäerter vum Patriarchat, déi fir eis Ielebouen-Gesellschaft verantwortlech sinn, an wou jidderee besser muss sinn wéi deen Aneren. Do wou Mënschen uewen stinn, stinn automatesch vill méi Mënschen ënnen.

Meng Duerstellungen op dëse Säiten ass de Versuch en deel vu menger individuellen Opfaassungen, no der ech Liewen. Si sinn kengesfalls universell Wourechten, an evoluéieren vun Daach zu Daach.

- Dës Säit hat ech am Abrëll 2020 verfaast, a säitdeems nët verännert. -

Hoffen dës Säiten si mir e bësse gelongen, an du empfënns se als e perséinleche Gewënn.