Rubricken
  1. Technologie: Virdeel an Gefoor
  2. Informatioun: Internet an Medien
  3. Postgeheimnis: séit Email-Korrespondenz inexistent
  4. Trügereschkeet: Pseudosécherheet
  5. De sëchere Wee: E virtuellt Image

Technologie: Virdeeler an Geforen
Eis héich technologiséiert Welt bitt eis onerschöpflech Méiglechkeeten am Bequeemlechkeeten. Mat hirer Evolutioun versprécht si eis Wuelstand, méi Fridden, méi Gerechtegkeet an méi Informatiounen. Und dëst Verspriechen gleeft Mënschheet, obwuel d‘Geschicht vun der Technologiséierung den diametralen Contraire beleet. De Wuelstand ass séit den 1980er Joren am fréie Fall. Kricher an Genoziden huelen zou. Den Neokolonialismus hëlt stänneg zou an d‘Diskrepanz tëschent Aarm a Räich wiisst. D‘Informatiounsfluut mech de Mënsch apathesch, an huet hien lues a lues total entpolitiséiert. Duerch produzéiert Angscht krut de Mënsch no an no seng Reschter entzunn, an gëtt vun Dach zu Dach méi observéiert a kontrolléiert (zu sengem Beschten, versteet sech). Den globalen Neoliberalismuns huet duerch dës Ëmstänn d‘Demokratie ënnergruewen an zur Elitten-Oligarchie ëmgewandelt.

Hätte mir „d‘Evolutioun“ vun den leschten 40 Joer op Haut an engem Joer gehat, wier d‘ganz Mënschheet op d‘Strooss gaangen. Doduerch dass dëst „lues virun sech gaangen ass“, ass dëst geschléckt ginn.

Trotz dëser negativer a geféierlecher Evolutioun duerch dës Technologien, loossen si sech och positiv notzen. Mir kënnen iwwer Distanz kommunikéieren, wéi eis (e kriteschen an virwëtzege Geescht virausgesat) breet informéieren.

Informatioun aus Internet an Medien
Bei all Informatiounsbeschafung ass akribesch Quellenrecherchen wéi novollzéibar Koherenz onverzichtbar. Haut, betreffend Zensur an Iwwerwaachung mam Fanger op China ze weisen ass Absurd. Sech an engem System sécher ze fillen, den am Gaangen ass seng lescht demokratesch Gen-Sequenz anzebéissen, ass schlicht naiv.

Postgeheimnis: séit Email-Korrespondenz inexistent
Huet een virun 30 Joer e Bréif an senger zougepechter Enveloppe per Post verschéckt, ass dësen ongelies vun Friemen am zouenen Zoustand beim Destinatär ukomm. Ausser an verschidden totalitär Staaten (UDSSR, etc) konnt en sech op Postgeheimnis verloossen. Bei enger Postkaart war d‘Matliesen ni ausgeschloss, a säi et just vum Bréifdréier. Esou hunn mir och op Postkaarten ausser „schéin Gréiss aus der Vakanz“ näischt Weltbeweegendes vermëttelt.

Zu Zäiten vun Email ass dës Virsiicht verschwonnen.

D‘Postgeheimnis huet fir Email ni existéiert. Fir eis virun „angeblech béisen Terroristen“ ze schützen, gëtt de gesamten Email-Verkéier iwwer KI matgelies, a bei „Verdacht“ un Mënschen weidergeleet, déi hiren Inhalt begutachten. „Verdacht“ ass e Gummiparagraph. En „Extremist“ ass definéiert mat „kontroverser Meenung zur regéierender Muecht“. Jidder Mënsch den eng kontrovers Meenung zu RTL der Regierung vertrëtt, ass esou spéitstens an der aktueller Laach als „Extremist“ stigmatiséiert.

Eng Email ass manner sécher wéi eng Postkaart. Si duerchleeft „Postämter“ (Mailserver) an Transitstrecken (Rooter, Satellitten, etc). Eng normal Email gëtt am KLOERTEXT iwwerdroen. Eng Kloertext-Email kann op hirem Wee matgelies … an technesch betruecht souguer verännert ginn, ouni dass dëst dem Destinatär opfale kann.

En wichtegen deel Postgeheimnis kann een duerch Email-Verschlësslung zeréckgewannen. Eenzeg de Fait dass een mam Destinatär kommunizéiert huet léist sech net verbiergen, genau esou wéi den Text am „Subjekt“ vun der Email. Den Inhalt vum enger mat GnuPG verschlësselter Email ze dekryptéieren ging dogéint duerchschnëttlech 50 Joer Rechenzäit (op engem vun den aktuellen „Top 20“- Grouss-Computer) beusprochen, wat eleng dëse Versuch absurd mëscht.

Email-Verschlësslung mat GnuPG kënnt esou enger versigelter Enveloppe gläich, wou hiren Sigel vun kengem Aneren wéi dem Versender an dem Destinatär opgemaach kann ginn.

Trügereschkeet: Pseudosécherheet
Den Numm Verschlësslung ass bei kommerziellen Produkter trügeresch! Kommerziell Verbesserungsprogrammer mussen bei Nofro verschidden Autoritéiten („homeland security“, etc) en „Generalschlëssel“ ausliwweren. Eleng duerch d‘rechtlech gezwongen Existenz vun esou engem Generalschlëssel ass d‘Sécherheet vun kommerziell Programmer reng illusoresch.

Beispill WhatsApp:
Geet een op https://web.whatsapp.com, an Scannt een de QR-Code vun Site mam Scanner vum Smartphone-“Whatsapp Web“, stellt dëse Site doropshin gesamt existéierend Chaten duer. Falls Whatsapp-Chaten wierklech „Punkt-zu-Punkt Verschlësselt“ wieren (respektiv hätt hien net den Dékryptéierschlëssel), kennt de Site dës Chaten onméiglech duerstellen!

Generalschlëssel, automatesch Iwwerdroung vum Dekryptéier-Schlëssel, … oder iwwerhaapt keng Verschlësslung ... "d‘Sécherheet duerch Verschlësslung" ass esou exklusiv op "Glawen" opgebaut.


De sëchere Wee: E virtuellt Image
All Sëcherheetskonzept ass esou grouss wéi säin onsëcherst Glidd, an dët zielt genau esou bei der Informatik. Wann d'Betriebssystem oder irgend en installéierte Programm (ongefroot) Daten weidergët, ass all sëcher Email-Verschlësslung komprometéiert.

Op Computer oder Smartphone, Betriebssystémer vun Windows, Apple, Google, etc ginn allesamt perséinlech Daten weider. Eng Ausnahm ass Linux, respektiv verschidden aaner quelloffen UNIX-Dérivaten déi "Quelloppen" sinn. Zousätzlech ass all eenzel intalléiert Applikatioun e méglecht Sëcherheetsrisiko.

Aus den uewen genanntene Grënn hun ech een op Linux (Ubuntu-Mate) baséierenden Systém fir Email-Verschlësselung zesummegesaat. Dese vituel Maschin (Virtualbox) leeft enner Windows, Apple, oder Linux, ouni dem Betriebssystém vum dësem Computer zougrëff ze gewähren.

Haapt Bestanddeeler vum der virtueller Installatioun:
Installatioun: