Méng Gedanken vun Abrëll 2020:

D'Quell vu menge Gefiller a Gedanken, déi mech dozou bruecht hunn des Säiten an d'Liewen ze ruffen, hunn ech zäitgläich mat der aktueller Kris entwéckelt. Wéi vill dass du vum Inhalt mat op déi Wee hëls, huet engersäits mat deem vu mir vermëttelten ze dinn, awer haaptsächlech mat denger Opnahmebereetschaft. ... wéi bei allem Aneren och.

D‘generell Angscht vum Moment hat mesch net gepaakt, dofir huet awer d‘Angscht em mech erëm mech emsou méi staark beaflosst. Duech dës generell Angscht (tëschenzäitlech: e generellen Trauma) ass d'Mënschlechkeet wéigehend ënner d'Rieder komm, an dësen Emstand kréien ech net ënnert méin Teppech gekiert. Fir mech hunn ech Erklärungen wéisou dës Kris passéiere konnt, an ech probéieren dir des meng Gedankegäng op dëse Säiten matzedeelen.

Interdisziplinär De Versuch mech selwer, wéi d'Welt em mech erëm ze verstoen, huet sàit éiweger Zäit mäin Wëssensdrang gesteiert, an dëst spigelt sech och onauswéichlech op dëse Säiten of. Eis Welt ass komplex, an sou och hiert Begräifen. Eenzeg méiglech Usätz zum Begäifen vun hier bleiwt interdisziplinärt Reflektéieren.

Dem Meeschterkach kann de Gas zum Verhängnes ginn, wann hien d'Eegenschaften vum Gas net begräift, an sou d'Geforen vun him net aschätze kann. Mat senger Angscht schützt hien sech, wat hien awer zu Iwwerreaktiounen oder Ignoranz vun Geforen beweege kann. Respekt virum Gas krit hien eréischt duech Begräifen, duech d'Wëssen vun sengen Eegenschaften.

Wéi dësem Kach geet et eis haut alleguer. Mir begräifen dat Wéinegst vum Groussdeel vun de Géigestänn déi mir am Alldag benotzen, an esou zur gläicher Zäit vun der Welt an déer mir liewen. Am Mëttelalter konnt de Bauer net schreiwen. Fir een un hien adresséierte Bréif ze verstoen, huet hien e Schreftgeléierten opgesicht, deen him dësen Bréif virgelies huet. Hien huet sengem Schrëftgeléierten vollt Vertraue misse schenken, a war dësem senger Opriichtegkeet / Onopriichtegkeet ausgeliwwert. Dësen Analphabetismus gesin mir haut als schrecklech un, an dobäi war dëse mëttelalterleche Bauer senger Welt vill méi no wéi mir Eiser haut. Ausser sengem Defizit vum Analphabetismus huet hien seng deeglech Gebrauchsgeigestänn (seng Welt) begraff, konnt se selwer reparéieren an hierstellen. Mir kënnen zwar liesen a schreiwen, dofir begräifen mir de Rescht vun eiser Welt net méi, a verloossen eis exklusiv op Schrëftgeléierter, déi mir haut Spezialisten nennen. De mëttelalterleche Bauer war dogéint interdisziplinär.

Dofir sollen des Säiten en Opruff un iterdisziplinärt Denken sinn. Wann een d'Welt an d'Mënschen em sech erëm net begräift, ass Respekt, Empathie, an esougléich och d'Mënschlechkeet selwer keen natierleche Reflex méi, mee huet nach exklusiv d'Moral als Beweeggrond .. falls d'Moral des dann vertrett. Ech ginn hei dernieft e puer Wëssensquellen zu der aktueller an akuter Weltsituatioun un, déi awer just engem interdisziplinär denkende Mënsch hëllefräich kenne sinn, d'Amplitude vun dëser Situatioun ze begräifen. Sou riichen sech dës Säiten un Mënschen déi Begräifen virun blannt Vertrauen stellen.

Dëser Mënschen brauche mir grad elo fir eis aus dëser Kris erauszeféieren.


En gudde Roman am Geescht vum Interdizplinärer Wëssenschaft

Den Zäitgeescht vun haut setzt exklusiv op Spezialisatioun, wat déi interdisziplinarer Betruechtungsweis zur Marginalitéit verschloen huet.

Zur Zäit erliewe mir déi extreemste Variant vun dësen spezialistenbedéngten Tunnelbléck-Reflexiounen, déi de Mënsch wéi d'Welt op en 20 Nanometer grousst Element reduzéiert hunn.